Eng Idee vum Wiseler Pascal an Peiffer Reinhard am Joer 2001 war den Ustouss zu desem Tippspill. Aus der Idee raus, e bessen op Fussball´smatchter ze tippen, ass et lassgaangen. Am Ufank goufen just eenzel Matcher getippt mat engem klengen Asaatz, dest ennert e puer Lait Am 2.ten Joer ass dun awer aus deser Schnapsidee et schons e bessen mei serieux gin, wei 20 Lait op eemol matgespillt dun. Daat Joer war et dun och, wou fir eischt Keier iwwert eng ganz Saison getippt gouf. En Internetsite gouf an deem Joer och an Liewen geruff, des um Weplaza vun der Post. Daat 3. Joer sollt et dun awer richteg lass goen, an Unzuel vun den Matspiller ass emmer mei geklommen an Tippmanager-Spill war richeg lanceiert. De Webplaza gouf awer ze klang an der Kapazitéit an et huet missten mei e groussen Site hier, wou mer den Tippmanager bessern placéieren konnten. Unzuel ass all Joer mei erop gaangen. Dest Joer gouf dun och ennert dem Impuls vum Marx Sascha Tippmanager-All-Stars an Liewen geruff. Dest ass Fussballs-Equip vum Tippmanager. All Matspiller,deen e bessen fussballeresch Qualitéiten oder och net matbruegt huet, konnt bei ais matspillen. E Championnat mat aaneren Jux-Equipen ass organiseiert gin, waat dann och lo all Joer waider gefouert gett. Natirlech dierfe mer net vergiessen, dass mer schons sait e puer Joer och d´Europa an Weltmeeschterschaften tippen. Dest genau nom Prinzip vun der Bundesliga. Dest Joer steet Europameeschterschaft rem vun der fir, an och do wärte mer rem zahlreig mattippen.